Déi nächst IQ Tester sinn den 18. Abrëll 2026 (offiziellen Test fir Erwuessener & Jugendlecher) mat obligatorescher Aschreiwung via Formular.
Invitatioun Aktivitéit Mensakids
Léif Frënn vu Mensakids,
Op mäin Appel hin huet d'Mama vum Louis sech gemellt mat der Propose fir e Kanner-an Elterentreff e Mëttwoch, de 24. Juli, ab 3 Auer zu Märel am Park Schéiwisschen, beim Schlass. (rue Charlemagne, L-1328)
Bus: 6 a 7, Statioun: Merl/Orval.
Et wär flott wa mir wéissten datt mir net eleng do stinn. Merci
Jiddereen dee matgeet, mécht dat (wéi ëmmer) op seng eege Verantwortung.
Fir Mensakids
Andrée a Giny
All déi aner kenne sech jo och scho mol Gedanke fir deen nächste RV maache w.e.g.
Fir är Proposen: mensakids@mensa.lu

- Détails
IQ-Test den 12. Oktober 2013
fir Leit vun 9-99 Joer
Adress: 35, rue de Bonnevoie.L-1260 Lëtzebuerg
Ufank: 10 Auer
Dauer: 2 Stonne fir Erwuessener,
1 Stonn fir déi Jonk vun 9-14 Joer
Receptioun/Keess ab 9.30 Auer
Präis: **€, op der Plaz ze bezuelen
Formulaire d'Inscriptioun ausfëllen
- Détails
10. Mee 2014
IQ-TEST fir Kanner vu 6,5 - 9,5 Joer
(gebuer tëschent 10.11.2004 an 10.11.2007)
Adress: 35, rue de Bonnevoie, L-1260 Lëtzebuerg
Ufank: 10 Auer fir deen 1. Grupp.
Receptioun: 9.30
Präis: **€, op der Plaz ze bezuelen.
UMELLEN: NËMMEN op: mensakids@mensa.lu, virum 7. Mee.
Wichteg: all néideg Informatioune fir d'Inscriptioun an den Test
stinn op www.mensa.lu/kids
- Détails
IQ-TEST fir Kanner vun 9-14 Joer an Erwuessener
Datum: 5. Abrëll 2014
Adress: 35, rue de Bonnevoie, L-1260 Letzebuerg
Ufank: 10 Auer. Receptioun: 9.30
Dauer: Jonker ca 1 Stonn, Adultes 2 Stonnen.
Formulaire d'Inscriptioun: op der Plaz ausfëllen
Präis: **€, op der Plaz ze bezuelen
- Détails
Léiw Mensakids,
Geocaching am Schlasspark Aansebuerg, de 25. Oktober 14 (GC5c7xq )(Informatiounen op geocaching.com)
Mir géingen eis dann um véierel op 2 bei der Entrée vum Park treffen, ech weess (och) net wou déi ass, war nach nie do.
Da gi mir zesummen de Schatz sichen, dofir musse mir awer ënnerwee verschiddenes zielen an och rechnen fir d'Kescht ze fannen.
Wann dir eppes aus der Këscht wëllt tauschen, huelt eppes aneres klenges mat fir dran ze leeën, anscheinend ass d'Schatzkëscht zimlech kleng.
Ween e GPS huet kann dee mathuelen.
Andrée
Mensakids
PS: Wee matgeet, mech dat op seng eege Verantwortung.
PPS: Wann et ze vill reent, fält d'Aktivitéit an d'Waasser.
- Détails
Wéi dir bestëmmt gemierkt hutt, hu mir momentan ee gutt gefëllte Programm!
Fir datt mir weiderhin sou flott Saache fir d'Kanner kennen organiséieren, freeë mer eis iwwert all Iddi oder Virschlag vun Iech.
Oder huet äert Kand villäicht e spezielle Wonsch fir eng Aktivitéit?
Da sot eis Bescheed!
Merci fir äre Feedback!
D'Equipp vu Mensakids
mensakids@mensa.lu
- Détails
Léiw Mensakids,
Léiw Elteren a Frënn vu Mensakids,
Well der ugangs Januar sou vill vun iech krank waren, hunn d'Leit vum CAPEL eis en NEIEN TERMIN gi fir den ATELIER MAM ÄISBIER an zwar:
Dënschdes, den 3. FEBRUAR 2015
14.30-16.00h an der Stad an der Millebaach:
CAPEL
10, rue de l'école, L-1454 Luxembourg
WAT ASS LASS MAM KLIMA?
Et héiert een esou vill driwwer schwätzen: Ass eist Klima villäicht krank a wa jo, firwat? A wat ass „Klima“ iwwerhaapt?
Zesumme kënne mir dëse Froen op de Fong goen an no Äntwerte sichen.
Zesumme wëlle mer och erausfannen, wat mir selwer fir eist Klima maache kënnen, a mir probéieren op engem "Klimadësch" aus, wéi mer d'Klima beaflossen.
Am Kader vum Projet kënnen d'Kanner um "KLIMADESCH" op eng ganz visuell Manéier erfuerschen, wéi héich den Afloss vum Mënsch op de Klima an domat d'Natur ass, a wat eng ze héich Äerderwäermung fir Konsequenzen huet.
Wee wëll matmaache soll sech w.e.g. séier op inscription@mensa.lu umellen, datt mir kënne Bescheed soen.
SG, Andrée
Mensakids
Wéi ëmmer: jiddereen de matmécht, mécht dat op seng eege Verantwortung.
- Détails
Léiw Mensaner,
Léiw Frënn vu Mensakids,
Mensa Lëtzebuerg organiséiert zesumme mat Alli a.s.b.l. (Association luxembourgeoise pour la liberté d'instruction) eng Informatiounsversammlung iwwer éducation à domicile (homeschooling) zu Lëtzebuerg;
Freides, den 18. Mäerz 2016 um 19.30 op 167, rue de Trèves, Lëtzebuerg-Cents.
D'Madame Zago gëtt d'Erklärunge vir d'éischt op franséisch, duerno kann et mat Froen/Äntwerten op lëtzebuergesch weider goen.
Entrée ass fräi.
Well d'Plaze begrenzt sinn, mellt iech w.e.g. op inscriptions@mensa.lu un. Merci
- Détails
ELTERENTREFF
vun 10 - 11.30 Auer
de 07. Mee 2016
35, rue de Bonnevoie
L-1260 Luxembourg-Bonnevoie
(gratis an onverbindlech)
- Détails
Léiw Eltere vu Mensakids,
Des Aktivitéit fällt da mol dest Joer an d'Waasser wénst Mangel un Intressi (1 Äntwert bei 350 mailadressen!)
Da kann ech och a mäi Cours goen anstatt ze schwänzen
Annulé pour manque d'intérèt (1 réponse)
Link fir wann awer ee well dohi goen.
lien si qq veut aller en privé
http://minettpark.lu/fra/evenements/13_trains-de-la-saint-nicolas
Andrée
Vize Presidentin Mensa Letzebuerg
Coordinatrice Mensakids
8.10. IQ-Test 9-99 Joer
12.11. IQ-Test 6,5-9.5 Joer
- Détails
MensaKids Aktivitéiten 2016
09.01. Geocaching@night, Ellergronn
30.01. Spillmettech, Lux-Cents
13.02. Postmusee Lux
18.03. Konferenz Homeschooling, Lux
23.04. Mensa-Test, Lux
23.04. Elterentreff, Lux
01.05, Esch Galgebierg
07.05. Mensa-Kids-Test, Lux
07.05. Elterentreff, Lux
28.06. Let the Music play, Berbourg
01.07. Initiation Bitzen, Strecken heckelen, Lux
06.07. Permanence, Lux
24.07. Treppeltour
12.08. Stäreschnäizen beobachten, Beidweiler
18.08. Visite SIS, Pompjeen Findel
21.08: Sentier des Passeurs, Clervaux
27.08. Joule Thief workshop, Lux
01.09. Maislabyrint Limpach
14.09. Permanence, Lux
18.09. Biog-Molkerei, Kärjeng
02.10. Vogelberingung, Iwwersyren
08.10. Mensa-Test, Lux
08.10. Elterentreff, Lux
11.10. Permanence
12.11. Mensa-Kids-Test, Lux
12.11. Elterentreff, Lux
26.11. Playgirls&Gameboys, Lux
Mensa/Mensakids hun och do delgeholl/matgemach:
09/10.01. EXPO Creativ Messe an der LuxExpo
15/16.05. Veianer KonschTour
28.05. DIY-Festival, Lux
21.10. Konferenz ADHS, Walfer
21.11. Ofschlossbericht Ombutscomite fir d'Rechter vum Kand
03.12. Wissenschafts-Workshops OCH FIR KANNER, Belval
- Détails
MensaKids-Aktivitéiten 2017
05.01 Ausstellung am MNHA
28.01 Spillmettech Cents
02.02 Film Demain, Lux
13.02 Film Demain, Jonglenster
18.02 DIY (Do it yourself festival)
16.03 Spillplaatz
23.03 Mathe zum Anfassen?? Trier
02.04 Léierpad: Stuermpad
27.04 Skatepark
29.04 MENSA-Test & Elterentreff
11.05 Aarnescht
20.05 Kids-Test & Elterentreff
21.05 Journee découverte nature, Lasauvage
25.05 Kannerwanderwee, Bech
27.05 DIY
01.06 Spillplaatz ??
01.06 Film: Studienreise Equador
07.06 Discussioun Iwwersprangen ??
12.06 Vernissage Antigaspi-Expo, Nidderaanwen
15.06 Spillplaatz/Parc de l‘Europe, Nidderaanven
01.07 Waasserdaag Jonglenster
03.07 Discussiounsowend Iwwersprangen, Nidderaanwen
23.07 Musee des Mines, Rumelange
20.08 Baumwipfelpfad (D)
24.08 Treppeltour Letzebuerg Alstat
07.10 TEST ab 9 J. & Elterentreff
15.10 Fliegermusee Mondorf
11.11 Kidstest & Elterentreff
11.-12.11 Science-Festival
18.11 Mam Train 1900 bei de Kleeschen
- Détails
AKTIVITÉITEN MENSAKIDS 2018
AKTIVITÉITEN déi mir 2018 fir MensaKids organiséiert an/oder proposéiert hunn:
07.01. Alles fir d Kaz, Musee, Lux
27.01. Spillmettech Cents
28.02. Spillplaatz Nidderaanwen
16.03. Eilen-Nuecht (Sortie mam Musee)
10.04. Plesiosaurus Melusinae, Musee
24.04. unexpected treasures, Musee
21.04. Test, Elterentreff Lux
10.05. Sommerrodelbahn (D)
17.05. Atelier abeilles au Naturata
26.05. Kidstest, Elterentreff Lux
31.05. Treppeltour
06.06. Elterenowend IWWERSPRANGEN, Lux
28.06. Mensa goes nuts, Lux
05.07. Private Musee "Flûten" (gëtt verluecht)
15.07. " young art underground 2018", Lux
02.08. Kaffiskränzchen / Elterentreff, Niederanven
07.08. City Promenade for Kids, Lux
14.08. Let's go to the playgrounds! (Cents)
20.08. Park Hesper
23.08. Jeux d'enfants (Géigend Déifferdeng)
06.09. Buerfouswee (Géigend Fiels)
13.10. Mensa-Test, Lux
18.10. ELTEREN- a KANNERTREFF, zu Ueweraanwen
18.10. ELTERENTREFF, Zéisseng
10.11. Kidstest an Elterentreff, Lux
17.11. Poppentheater um Kasshaff
24.11. train 1900 Fond de Gras
08.12. Archeologie vs Stadmauer (gëtt verluecht)
15.12. Enn-des-Johres-Feier Mensbech
Öffentlech Evenementer wou mir/eis Memberen (aktiv oder als Visiteur) derbäi waren:
10.03. Hightech im Kinderzimmer, Clervaux
10.03. Makerspace - Bee-Creative Workshop fir d'Kanner, Clervaux
19+20. Mee Koll an Aktioun – Le festival pour toute la famille
20.+21. Mee KonschTour Vianden -
19-20 Mee: keltescht Fest um Neihaischen
16.05. Film: SCHOOLS OF TRUST; ancien cinéma, Vianden
16.06. Zéissénger Duerffest
05.08. FUERCH DUER UM NATURPARKFEST Housen www.naturpark-our.lu
11.08. KIDS DAY, - Rumelange www.mnm.lu
16.09. Fest vum Natur Musee, Lux
23.09. Fête du jardin – Junglinster
PROJET pour la création "MAQUETTE DÉBARQUEMENT".…, Diekirch
1.12 Researchersday, Belval
Ausstellunge wou och Mensaner/Membere matmachen:
08.07.-22.09 Kulturhaff Millermoler zu L-6569 Hinkel
05.08.-20.9. Ausstellung zu Veianen, Veiner Konschtgalerie,
4.8.-15.8 ArtFestival zu Beefort: Beaufort Festival
- Détails
Léiw Mensakids,
Léiw Elteren,
Eis Aktivitéit den 18. November:
Mir proposéieren zesummen mam Dampzuch bei de Kleeschen ze fueren!
De Kleesche ass den 18. November zu Fond de Gras an der Hal an deelt do Titercher aus un déi brav Kanner, wärend d'Elteren do gemittlech bei Kaffi a Kuch kennen zesumme poteren. (Et gëtt och nach soss munches ze kucken an z'iessen (Fritten etc))
Mir fueren dofir zesumme vu Péiteng aus mam Dampzuch op Fond de Gras, vläicht kréie mir erëm e Waggon fir Mensakids reservéiert, an och reservéiert Dëscher an der Hal.
RENDEZ VOUS ass tëschent 13 Auer an 13.10 Auer um Quai vum Dampzuch zu Péiteng, (rue de Niedercorn, CR175) wou mir d'Billjee kréien. Retour ab 16.30 mam Zuch vu Fond de Gras aus.
Wann dir wëllt matgoen, mellt iech w.e.g. bis den 8. Oktober un op: inscription@mensa.lu mat dësen Informatiounen:
Ären Numm
Aktivitéit: train 1900,
wéi vill Erwuessener/Kanner
NUMM an ALTER VUN DE KANNER
Präisser:
Kanner bis 4 Joer gratis (ouni Titchen!)
Kanner bis 4 Joer 8€ (Titchen)
Kanner 5-11 Joer 15€ (Zuch an Titchen)
(Kanner 5-11 Joer, ouni Titchen: 8€)
All ab 12 Joer: 11€ (Zuch, ouni Titchen)
Mensa Lëtzebuerg iwwerhëlt d'Part vun hire Memberen. (Member = Cotisatioun Mensa 2017 bezuelt (Memberskaart))
All déi aner sollen hir Part/Präis w.e.g. bis de 15. Oktober, mat den Detailer vun de Beträg, iwwerweisen op de Kont:
LU19 0019 1300 3966 5000 bei BCEE
vu Mensa Lëtzebuerg
Merci
Nëmme wien am Delai bezuelt huet ass ugemellt!
Hei nach eng Kéier d'Präisser:
00€ Mensa Memberen
08€ Kanner bis 4 Joer (Titchen)
15€ Kanner 5-11 Joer (Zuch an Titchen)
08€ Kanner 5-11 Joer déi keng Titche wëllen
11€ All déi aner (Zuch)
Andrée
Vice-Présidente Mensa Lëtzebuerg
Coordinatrice Mensakids
PS:Jiddereen dee matgeet mécht dat ob seng eege Verantwortung!
Rembourséiere kenne mir nëmme wann en aneren an ärer Plaz matgeet!!
- Détails
Léiw Mensakids,
MENSA - SPILLMETTECH :-)
MENSA Lëtzebuerg invitéiert Mensakids op hiren traditionelle SPILLMETTECH fir GROUSS A KLENG, JONK AN AAL, an déi dertëschent, mat Gesellschafts-Spiller a "CASSE-TÊTES"!
Dir fannt eis Samschdes, den 28. Januar 2017, tëschent 2.15 a 6 Auer am Centre Sociétaire, 167, route de Trèves, L-2630, Lëtzebuerg-Cents Jidderee kann do seng coolste Gesellschafts- a Logikspiller matbréngen. Kuch (oder sou) ass och wëllkomm. Et muss een net de ganze Mëtteg do sinn, awer ech warnen iech: et fält schwéier fir éischter fort ze goen!
Dir kennt iech w.e.g. bei inscription@mensa.lu umellen, datt mir eis kenne riichten. Merci.
MENSAKIDS – ELTERENTREFF :-)
Dee Spillmëtteg ass och eng gutt Geleeënheet fir (bei Kaffi a Kuch) mat eise Benevolen an och mat aneren Elteren ze schwätzen a sech eventuell Bicher zum Thema unzekucken.
PERMANENCE :-)
28. Januar 2017, tëschent 15h a 16.30h am Centre Sociétaire, 167, route de Trèves, L-2630, Lëtzebuerg-Cents
Fir d'Permanence onbedéngt umellen: inscription@mensa.lu, Betreff: Permanence! Merci
Andrée,
Vize-Presidentin Mensa Lëtzebuerg
Coordinatrice Mensakids
PS: Déi vun iech déi Member sinn, kréien och eng Invitatioun vu Mensa.
- Détails
ELTERENTREFF
vun 10 - 11.30 Auer
den 23. Abrell 2016
35, rue de Bonnevoie
L-1260 Luxembourg-Bonnevoie
(gratis an onverbindlech)
- Détails
Intresséiert dir iech fir Lego?
De Lego-Club huet den 28. Mäerz vu 15-17 Auer fir en Atelier/Workshop mat Mensakids reservéiert, zu Bieles, am Gebai vun der Maison Relais.
Fir deen Atelier kenn dir wielen tëschent: Lego City, Friends, Creator, Technik, Star Wars. De Präis ass 20€/Kand, dir krit dofir awer herno entspriechend Lego mat heem. Mellt iech/är Kanner w.e.g bis de 15. Mäerz ob inscription@mensa.lu un, mat Numm, Virnumm, Alter vun all Kand, a fir wéi een Thema et sech intresséiert, datt fir all Kand dat richtegt Material do ass. Merci
Bei méi Umeldunge wéi Plaze gelt: Prioritéit fir d'Memberen an hir Geschwëster. An deem Fall kenne mir en zousätzleche RV froen. Bei méi klenge Kanner kennen d'Elteren eventuell "assistéieren".
Andrée
Coordinatrice MensaKids
mensa.lu
LEGO ATELIER
Samschdes, 28. Mäerz, 15-17Auer
rue du Stade, Bieles
20€/Kand, ob der Plaz ze bezuelen.
- Détails
MensaKids Aktivitéiten 2014
- 03.01.14 mueres am Naturmusée: Entdeckungsrees bei d'Indianer; Elterentreff an der Cafeteria vum Musée (wa se op ass)
- 20.02.14 am Musée Tudor, zu Rosport: Atelier mat Experimenter iwwer Energie
- 11.03.14 Nomëttes: Besuch bei de Beruffspompjeeën Dënschdes den 11. Mäerz. Mir hunn um hallwer 3 RV (zu Fouss) bei der Barrière nieft dem Pompjeesgebäi op der Areler Strooss an der Stad.
- 03.04.14 zu Dikkerech: Zuelen, Gaming & Co.
- 05.04.14 Mensa IQ Test, 9-99 Joer; Info 9 - 14 Joer: Mensakids
- 19.06.14 14:30: Visite beim Biobauer um Kasshaff
- 08.07.14 Spillmëtteg beim Pirateschëff, Park Lux-Ville
- 17.07.14 Ausstellung: Emol Scout, ëmmer Scout, Postmusée Lux-Gare
- 20.07.14 Visite um internationale Scoutscamp, Lux-Kierchbierg
- 26.07.14 Kanner in the City, Lux-Ville
- 06.08.14 Safari fir Kanner, Stad
- 29.08.14 Vitarium, Bissen
- 18.10.14 rencontre Anpeip, Groushetteng (F)
- 21.10.14 Schokelasfabrik, Bissen
- 30.10.14 Schreibwerkstatt, Miersch
- 04.11.14 RTL, Lux (ausgebucht!)
- 08.11.14 Kidstest, Lux
- 22.11.14 Train 1900, Péiteng
- 16.12.14 psst.. hannert de Kulissen, Miersch
- Détails
MensaKids Aktivitéiten 2015
- 02.01. Atelier, Casino Lux
- 17.01. Atelier Papertoys, Nidderaanwen
- 20.01. Expo Benachb-ART Nidderaanwen
- 03.02. Atelier mam Äisbier, Lux
- 07.02. Spillnomëtten (Gesellschafts- a Strategiespiller), Centre sociétaire Cents ("schwaarzt Haus")
- 28.02. Lego Atelier, Bieles
- 07.03. Mathematik-Ausstellung, Tréier (bis 1.3.)
- 26.03. Skizz a Bizz, Nidderaanwen
- 28.03. Lego Atelier, Bieles
- 02.04. Skizz a Bizz, Nidderaanwen
- 04.04. Workshop mat Geessen, Naturpark Südeifel (D)
- 09.04. Bei/mat de Geessen, Ernzen(D) (bei Iechternach)
- 11.04. Visite mam/vum Fonds Kierchberg, Lux
- 25.04. IQ-Test ab 9 Joer, Lëtz.
- 02.05. GC Ghostbusters, Lampech
- 09.05. IQ-Test vun 6,5 bis 9,5 Joer (inscr. ab 25.3)
- 24.05-25.05. KonschTour, Veinen
- 31.05. LERNFEST, WËNTGER
- 03.06. Léierpad Biodiversitéit, Stad
- 03.06. Elterentreff, Kulturhaus Miersch
- 06.06. Kannertheater-workshop, Kockelscheuer
- 07.06. Wat bréit an der Schlammwiss, Iwwersyren
- 17.06. Orchideen am Arboretum Kierchbierg
- 02.07. Expo YoungArt, Galerie BCEE Am Tunnel, Letzebuerg
- 24.07. Nomettech mat den Ieselen, Lampech
- 16.08. Päiperlecksgaart Grevenmacher
- 13.09. Buerfousswee, Medernach
- 13.09. Panda-Club Familgefest, Letzebuerg
- 03.10. IQ-Test ab 9 Joer, Lëtz.
- 24.10. GC, Berbourg, (annuléiert wéinst Klappjuegd)
- 27.10. Konferenz Rückkehr des Wolfs.....Rood/Syr
- 07.11. IQ-Test vun 6,5 bis 9,5 Joer
- 14.11.-15.11. Science Festival, Letzebuerg
- 21.11. Train 1900 a Kleeschen, Péiteng
- 23.12. Atelier Choko, Musee, Stad
- Détails
Gudde Mëtteg Alleguerten,
Mir wollten iech just soen datt:
- am: Train 1900 22/11/14 (mail vum 14/10)
- am: Atelier "Pssst" 16/12/2014 (mail vum 16/10)
all Kéiers just nach e puer Plaze fräi sinn.
Fir den Zuch muss ech hinnen nächst Woch Bescheed soen.
- Détails
5. Abrëll: ELTERENTREFF och mat eise "Benevollen".
35, rue de Bonnevoie, L-1260 Lëtzebuerg
ca 10 - 11.30 Auer
och fir Elteren wou d'Kanner net am Test sinn!
- Détails
ELTERENTREFF 10. Mee 2014
35, rue de Bonnevoie,L-1260 Letzebuerg
teschend 10 an 11.30 Auer, wärend de Kannertester
Do hunn d'Eltere Geleeënheet, mat aneren Elteren an eise Benevollen ze
schwätzen a sech Bicher zum Thema unzekucken.
Och déi Eltere wou d'Kanner net am Test setzen si wëllkomm!
Hei brauch ee sech net unzemellen.
- Détails
NEI - Sonndes, 9. März 3D-Atelier
Auf den Spuren der illusionistischen Wahrnehmung in 3 Dimensionen gestalten Schüler und Schülerinnen stereoskopische Zeichnungen und dazu passende 3D Brillen.
Vun 15-17 Auer am Casino d'Art Contemporain an der Stad, Präis: 6€ fir Mensa-Member, 8€ fir Net-Member
Umellen op: inscription@mensa.lu
- Détails
Donneschdes, 3. Abrëll, Zahlen, Gaming & Co
Den Computarium vum Dikricher Kolléisch ass eng grouss Sammlung an Ausstellung vun ale Rechemaschinnen, Computeren an och elektroneschen Spiller.
Während der Visite kréien mir Erklärungen vun der Ausstellung wou och eenzel Sachen laafe gelooss gin. Duerno kréien mer aal mechanesch Rechenmaschinnen (Zahlenschieber) erklärt an zum Schluss hun d'Kanner d'Méiglechkéet fir op aalen elektroneschen Spiller aus den 70erJoeren ze spillen.
Vu 14-16 Auer am Dikricher Kolléisch, Präis 3€
Umellen op: inscription@mensa.lu
- Détails
MensaKids Aktivitéiten 2013
26.01 Spillmettech Cents, Lux, (MENSA)&(KIDS)
09.03 IQ Kidstest, Lux
09.03 Elterentreff, Lux
06.04 Legowee, Geocache
20.04 Elterentreff
05.05 Kids-an Elterentreff, Piratescheff, Park Lux
02.06 Kids-an Elterentreff, Lernfest Mamer
24.07 Kids-an Elterentreff Spillplatz Märel, Lux
15.08 Fahrt mam Solarboot, Insenborn
31.08 Kids-an Elterentreff, Baambesch, Lux
15.09 Familgendaag, Beetebuerger Park (MENSA)&(KIDS)
12.10 Elterentreff
09.11 KIDSTEST
09.11 Elterentreff
23.11 Zuch 1900 (MENSA)&(KIDS)
- Détails
Wat ass Energie?
No enger Visite vun der Ausstellung vum Musée Tudor maache mir unhand vun engem modulablen Auto e puer elektresch Experimenter mat elektreschen Energieméiglechkeeten. Duerno kucken mir wat déi fossil Energien sinn an wat et vun Alternativen dozou gëtt.
Dat ganzt dauert ongeféier 3 Stonnen an kascht 8€ plus 5€ pro Kand wann se een Auto wëlle mathuelen.
Et fënnt statt Donnechdes, den 20.2.14, vu 14-17 Auer

Umellen op inscription@mensa.lu
- Détails