MensaKids ass am Joer 2010 duerch d‘Initiativ vun enger Grupp Eltere vun héichbegaabte Kanner entstanen.
D'Elteren (an heiansdo och d'Léierpersonal) hu festgestallt, dass verschidde Kanner anescht agéieren oder reagéiere wéi hir Klassekomeroden, a wollten erausfannen, firwat dat esou ass. Dëst ka vill Ursaachen hunn, an et kann z.B. eng Héichbegabung virleien. Fir déijéineg Kanner, bei deenen eng Héichbegabung virläit, ass et vun onschätzbarem Wäert, fir aner Kanner kennen ze léieren, déi an däer selwechter Situatioun sinn.
MensaKids wëll hinnen eng interaktiv Plattform fir Zesummenaarbecht ubidden.
Dofir wëlle mir och IQ-Tester fir Kanner, Elterentreffen, Virträg oder Diskussiounsronne mat Interesséierten an/oder Betraffenen, Léierpersonal, Psychologen, asw ubidden. Bei dëse Renconter kënnen dann och d'Eltere vun den Erfarunge vun deenen aneren Eltere profitéieren.
Well HP-Kanner vum Kontakt mat aneren HP-Kanner profitéieren ass d'Iddi datt all puer Wochen soll een Treffen an och aner Aktivitéiten wéi Atelier'en, Workshoppen, Besichtegungen, Féierungen, asw. vun Elteren, Grousselteren, Animateuren, Educateuren, Studenten, Memberen an/oder soss Leit déi gär mat Kanner schaffen, organiséiert ginn.
Dat heescht: dir kennt eppes organiséieren, eis eng "Invitatioun" schécken, (oder dir gitt eis d'Informatiounen a mir schreiwen eng Invitatioun) déi mir dann un d'Mailing-Lëscht MensaKids weider ginn.
Wa keen auswäertegen Animateur derbäi ass, ginn d'Kanner normalerweis vun Elteren/Elterendeel begleet.
Wann z.B. Entrée ze bezuelen ass, iwwerhëlt Mensa meeschtens een Deel dovun, awer nëmme fir d'Memberen.
Wann e Sall gebraucht gëtt, kann de Sekretär bei (eiser) Gemeng froen...
Är Iddien a Virschléi si wëllkomm!
Dir kënnt eis op der E-mail Adress mensakids@mensa.lu erreechen.