Déi nächst IQ Tester sinn den 18. Abrëll 2026 (offiziellen Test fir Erwuessener & Jugendlecher) mat obligatorescher Aschreiwung via Formular.
Léiw Eltere vu Mensakids,
Des Aktivitéit fällt da mol dest Joer an d'Waasser wénst Mangel un Intressi (1 Äntwert bei 350 mailadressen!)
Da kann ech och a mäi Cours goen anstatt ze schwänzen
Annulé pour manque d'intérèt (1 réponse)
Link fir wann awer ee well dohi goen.
lien si qq veut aller en privé
http://minettpark.lu/fra/evenements/13_trains-de-la-saint-nicolas
Andrée
Vize Presidentin Mensa Letzebuerg
Coordinatrice Mensakids
8.10. IQ-Test 9-99 Joer
12.11. IQ-Test 6,5-9.5 Joer
Léiw Mensakids,
Léiw Elteren,
Eis Aktivitéit den 18. November:
Mir proposéieren zesummen mam Dampzuch bei de Kleeschen ze fueren!
De Kleesche ass den 18. November zu Fond de Gras an der Hal an deelt do Titercher aus un déi brav Kanner, wärend d'Elteren do gemittlech bei Kaffi a Kuch kennen zesumme poteren. (Et gëtt och nach soss munches ze kucken an z'iessen (Fritten etc))
Mir fueren dofir zesumme vu Péiteng aus mam Dampzuch op Fond de Gras, vläicht kréie mir erëm e Waggon fir Mensakids reservéiert, an och reservéiert Dëscher an der Hal.
RENDEZ VOUS ass tëschent 13 Auer an 13.10 Auer um Quai vum Dampzuch zu Péiteng, (rue de Niedercorn, CR175) wou mir d'Billjee kréien. Retour ab 16.30 mam Zuch vu Fond de Gras aus.
Wann dir wëllt matgoen, mellt iech w.e.g. bis den 8. Oktober un op: inscription@mensa.lu mat dësen Informatiounen:
Ären Numm
Aktivitéit: train 1900,
wéi vill Erwuessener/Kanner
NUMM an ALTER VUN DE KANNER
Präisser:
Kanner bis 4 Joer gratis (ouni Titchen!)
Kanner bis 4 Joer 8€ (Titchen)
Kanner 5-11 Joer 15€ (Zuch an Titchen)
(Kanner 5-11 Joer, ouni Titchen: 8€)
All ab 12 Joer: 11€ (Zuch, ouni Titchen)
Mensa Lëtzebuerg iwwerhëlt d'Part vun hire Memberen. (Member = Cotisatioun Mensa 2017 bezuelt (Memberskaart))
All déi aner sollen hir Part/Präis w.e.g. bis de 15. Oktober, mat den Detailer vun de Beträg, iwwerweisen op de Kont:
LU19 0019 1300 3966 5000 bei BCEE
vu Mensa Lëtzebuerg
Merci
Nëmme wien am Delai bezuelt huet ass ugemellt!
Hei nach eng Kéier d'Präisser:
00€ Mensa Memberen
08€ Kanner bis 4 Joer (Titchen)
15€ Kanner 5-11 Joer (Zuch an Titchen)
08€ Kanner 5-11 Joer déi keng Titche wëllen
11€ All déi aner (Zuch)
Andrée
Vice-Présidente Mensa Lëtzebuerg
Coordinatrice Mensakids
PS:Jiddereen dee matgeet mécht dat ob seng eege Verantwortung!
Rembourséiere kenne mir nëmme wann en aneren an ärer Plaz matgeet!!
Intresséiert dir iech fir Lego?
De Lego-Club huet den 28. Mäerz vu 15-17 Auer fir en Atelier/Workshop mat Mensakids reservéiert, zu Bieles, am Gebai vun der Maison Relais.
Fir deen Atelier kenn dir wielen tëschent: Lego City, Friends, Creator, Technik, Star Wars. De Präis ass 20€/Kand, dir krit dofir awer herno entspriechend Lego mat heem. Mellt iech/är Kanner w.e.g bis de 15. Mäerz ob inscription@mensa.lu un, mat Numm, Virnumm, Alter vun all Kand, a fir wéi een Thema et sech intresséiert, datt fir all Kand dat richtegt Material do ass. Merci
Bei méi Umeldunge wéi Plaze gelt: Prioritéit fir d'Memberen an hir Geschwëster. An deem Fall kenne mir en zousätzleche RV froen. Bei méi klenge Kanner kennen d'Elteren eventuell "assistéieren".
Andrée
Coordinatrice MensaKids
mensa.lu
LEGO ATELIER
Samschdes, 28. Mäerz, 15-17Auer
rue du Stade, Bieles
20€/Kand, ob der Plaz ze bezuelen.
Léiw Mensakids,
MENSA - SPILLMETTECH :-)
MENSA Lëtzebuerg invitéiert Mensakids op hiren traditionelle SPILLMETTECH fir GROUSS A KLENG, JONK AN AAL, an déi dertëschent, mat Gesellschafts-Spiller a "CASSE-TÊTES"!
Dir fannt eis Samschdes, den 28. Januar 2017, tëschent 2.15 a 6 Auer am Centre Sociétaire, 167, route de Trèves, L-2630, Lëtzebuerg-Cents Jidderee kann do seng coolste Gesellschafts- a Logikspiller matbréngen. Kuch (oder sou) ass och wëllkomm. Et muss een net de ganze Mëtteg do sinn, awer ech warnen iech: et fält schwéier fir éischter fort ze goen!
Dir kennt iech w.e.g. bei inscription@mensa.lu umellen, datt mir eis kenne riichten. Merci.
MENSAKIDS – ELTERENTREFF :-)
Dee Spillmëtteg ass och eng gutt Geleeënheet fir (bei Kaffi a Kuch) mat eise Benevolen an och mat aneren Elteren ze schwätzen a sech eventuell Bicher zum Thema unzekucken.
PERMANENCE :-)
28. Januar 2017, tëschent 15h a 16.30h am Centre Sociétaire, 167, route de Trèves, L-2630, Lëtzebuerg-Cents
Fir d'Permanence onbedéngt umellen: inscription@mensa.lu, Betreff: Permanence! Merci
Andrée,
Vize-Presidentin Mensa Lëtzebuerg
Coordinatrice Mensakids
PS: Déi vun iech déi Member sinn, kréien och eng Invitatioun vu Mensa.
Wéi dir bestëmmt gemierkt hutt, hu mir momentan ee gutt gefëllte Programm!
Fir datt mir weiderhin sou flott Saache fir d'Kanner kennen organiséieren, freeë mer eis iwwert all Iddi oder Virschlag vun Iech.
Oder huet äert Kand villäicht e spezielle Wonsch fir eng Aktivitéit?
Da sot eis Bescheed!
Merci fir äre Feedback!
D'Equipp vu Mensakids
mensakids@mensa.lu