Léiw Mensakids,
MENSA - SPILLMETTECH :-)
MENSA Lëtzebuerg invitéiert Mensakids op hiren traditionelle SPILLMETTECH fir GROUSS A KLENG, JONK AN AAL, an déi dertëschent, mat Gesellschafts-Spiller a "CASSE-TÊTES"!
Dir fannt eis Samschdes, den 28. Januar 2017, tëschent 2.15 a 6 Auer am Centre Sociétaire, 167, route de Trèves, L-2630, Lëtzebuerg-Cents Jidderee kann do seng coolste Gesellschafts- a Logikspiller matbréngen. Kuch (oder sou) ass och wëllkomm. Et muss een net de ganze Mëtteg do sinn, awer ech warnen iech: et fält schwéier fir éischter fort ze goen!
Dir kennt iech w.e.g. bei inscription@mensa.lu umellen, datt mir eis kenne riichten. Merci.
MENSAKIDS – ELTERENTREFF :-)
Dee Spillmëtteg ass och eng gutt Geleeënheet fir (bei Kaffi a Kuch) mat eise Benevolen an och mat aneren Elteren ze schwätzen a sech eventuell Bicher zum Thema unzekucken.
PERMANENCE :-)
28. Januar 2017, tëschent 15h a 16.30h am Centre Sociétaire, 167, route de Trèves, L-2630, Lëtzebuerg-Cents
Fir d'Permanence onbedéngt umellen: inscription@mensa.lu, Betreff: Permanence! Merci
Andrée,
Vize-Presidentin Mensa Lëtzebuerg
Coordinatrice Mensakids
PS: Déi vun iech déi Member sinn, kréien och eng Invitatioun vu Mensa.