Déi nächst IQ Tester sinn den 18. Abrëll 2026 (offiziellen Test fir Erwuessener & Jugendlecher) mat obligatorescher Aschreiwung via Formular.
MensaKids Aktivitéiten 2013
26.01 Spillmettech Cents, Lux, (MENSA)&(KIDS)
09.03 IQ Kidstest, Lux
09.03 Elterentreff, Lux
06.04 Legowee, Geocache
20.04 Elterentreff
05.05 Kids-an Elterentreff, Piratescheff, Park Lux
02.06 Kids-an Elterentreff, Lernfest Mamer
24.07 Kids-an Elterentreff Spillplatz Märel, Lux
15.08 Fahrt mam Solarboot, Insenborn
31.08 Kids-an Elterentreff, Baambesch, Lux
15.09 Familgendaag, Beetebuerger Park (MENSA)&(KIDS)
12.10 Elterentreff
09.11 KIDSTEST
09.11 Elterentreff
23.11 Zuch 1900 (MENSA)&(KIDS)
Invitatioun Aktivitéit Mensakids
Léif Frënn vu Mensakids,
Op mäin Appel hin huet d'Mama vum Louis sech gemellt mat der Propose fir e Kanner-an Elterentreff e Mëttwoch, de 24. Juli, ab 3 Auer zu Märel am Park Schéiwisschen, beim Schlass. (rue Charlemagne, L-1328)
Bus: 6 a 7, Statioun: Merl/Orval.
Et wär flott wa mir wéissten datt mir net eleng do stinn. Merci
Jiddereen dee matgeet, mécht dat (wéi ëmmer) op seng eege Verantwortung.
Fir Mensakids
Andrée a Giny
All déi aner kenne sech jo och scho mol Gedanke fir deen nächste RV maache w.e.g.
Fir är Proposen: mensakids@mensa.lu

Léiw Mensakids,
Geocaching am Schlasspark Aansebuerg, de 25. Oktober 14 (GC5c7xq )(Informatiounen op geocaching.com)
Mir géingen eis dann um véierel op 2 bei der Entrée vum Park treffen, ech weess (och) net wou déi ass, war nach nie do.
Da gi mir zesummen de Schatz sichen, dofir musse mir awer ënnerwee verschiddenes zielen an och rechnen fir d'Kescht ze fannen.
Wann dir eppes aus der Këscht wëllt tauschen, huelt eppes aneres klenges mat fir dran ze leeën, anscheinend ass d'Schatzkëscht zimlech kleng.
Ween e GPS huet kann dee mathuelen.
Andrée
Mensakids
PS: Wee matgeet, mech dat op seng eege Verantwortung.
PPS: Wann et ze vill reent, fält d'Aktivitéit an d'Waasser.
5. Abrëll: ELTERENTREFF och mat eise "Benevollen".
35, rue de Bonnevoie, L-1260 Lëtzebuerg
ca 10 - 11.30 Auer
och fir Elteren wou d'Kanner net am Test sinn!
IQ-TEST fir Kanner vun 9-14 Joer an Erwuessener
Datum: 5. Abrëll 2014
Adress: 35, rue de Bonnevoie, L-1260 Letzebuerg
Ufank: 10 Auer. Receptioun: 9.30
Dauer: Jonker ca 1 Stonn, Adultes 2 Stonnen.
Formulaire d'Inscriptioun: op der Plaz ausfëllen
Präis: **€, op der Plaz ze bezuelen