Die nächsten IQ Tests sind am 18. April 2026 (offizieller Test für Erwachsene und Jugendliche) mit obligatorischer Anmeldung über das Formular.
MensaKids Aktivitéiten 2013
26.01 Spillmettech Cents, Lux, (MENSA)&(KIDS)
09.03 IQ Kidstest, Lux
09.03 Elterentreff, Lux
06.04 Legowee, Geocache
20.04 Elterentreff
05.05 Kids-an Elterentreff, Piratescheff, Park Lux
02.06 Kids-an Elterentreff, Lernfest Mamer
24.07 Kids-an Elterentreff Spillplatz Märel, Lux
15.08 Fahrt mam Solarboot, Insenborn
31.08 Kids-an Elterentreff, Baambesch, Lux
15.09 Familgendaag, Beetebuerger Park (MENSA)&(KIDS)
12.10 Elterentreff
09.11 KIDSTEST
09.11 Elterentreff
23.11 Zuch 1900 (MENSA)&(KIDS)
Invitatioun Aktivitéit Mensakids
Léif Frënn vu Mensakids,
Op mäin Appel hin huet d'Mama vum Louis sech gemellt mat der Propose fir e Kanner-an Elterentreff e Mëttwoch, de 24. Juli, ab 3 Auer zu Märel am Park Schéiwisschen, beim Schlass. (rue Charlemagne, L-1328)
Bus: 6 a 7, Statioun: Merl/Orval.
Et wär flott wa mir wéissten datt mir net eleng do stinn. Merci
Jiddereen dee matgeet, mécht dat (wéi ëmmer) op seng eege Verantwortung.
Fir Mensakids
Andrée a Giny
All déi aner kenne sech jo och scho mol Gedanke fir deen nächste RV maache w.e.g.
Fir är Proposen: mensakids@mensa.lu

NEI - Sonndes, 9. März 3D-Atelier
Auf den Spuren der illusionistischen Wahrnehmung in 3 Dimensionen gestalten Schüler und Schülerinnen stereoskopische Zeichnungen und dazu passende 3D Brillen.
Vun 15-17 Auer am Casino d'Art Contemporain an der Stad, Präis: 6€ fir Mensa-Member, 8€ fir Net-Member
Umellen op: inscription@mensa.lu
Donneschdes, 3. Abrëll, Zahlen, Gaming & Co
Den Computarium vum Dikricher Kolléisch ass eng grouss Sammlung an Ausstellung vun ale Rechemaschinnen, Computeren an och elektroneschen Spiller.
Während der Visite kréien mir Erklärungen vun der Ausstellung wou och eenzel Sachen laafe gelooss gin. Duerno kréien mer aal mechanesch Rechenmaschinnen (Zahlenschieber) erklärt an zum Schluss hun d'Kanner d'Méiglechkéet fir op aalen elektroneschen Spiller aus den 70erJoeren ze spillen.
Vu 14-16 Auer am Dikricher Kolléisch, Präis 3€
Umellen op: inscription@mensa.lu
Wat ass Energie?
No enger Visite vun der Ausstellung vum Musée Tudor maache mir unhand vun engem modulablen Auto e puer elektresch Experimenter mat elektreschen Energieméiglechkeeten. Duerno kucken mir wat déi fossil Energien sinn an wat et vun Alternativen dozou gëtt.
Dat ganzt dauert ongeféier 3 Stonnen an kascht 8€ plus 5€ pro Kand wann se een Auto wëlle mathuelen.
Et fënnt statt Donnechdes, den 20.2.14, vu 14-17 Auer

Umellen op inscription@mensa.lu